Ronn 95% vun de Leit sin sech net bewosst wéi dramatesch de Problem ass.
Eise Finanz-System ass weder gesond, nach gerecht. Mat dramateschen Konsequenzen.
Ween näicht mecht, huert schon verluer. Gleewt net eisen Wieder, iwwerzeegt Eech selwer:
Ronn 95% vun de Leit sin sech net bewosst wéi dramatesch de Problem ass.
Eise Finanz-System ass weder gesond, nach gerecht. Mat dramateschen Konsequenzen.
Ween näicht mecht, huert schon verluer. Gleewt net eisen Wieder, iwwerzeegt Eech selwer:
Grafik 1) D'Entwëcklung vun der Geldmeng an den USA säit 2000, also wéivill Milliarden Dollar am Emlaaf sin.
Vun 5000 Milliarden $ am Joer 2000, op haut iwer 22.000 Mrd. $!
G2) D'Entwëcklung vun der Staatschold an den USA säit 2000. Aleng säit 2020 ass des ëm bal 50% geklomm! Normal?
G3) Hei gesäit een d'kumuléiert Inflatioun an den USA. Spéitstens säit 1970 fällt d'Kaafkraaft vum Dollar massiv. Wisou ass daat esou?
1971 huert den Richard Nixon den Goldstandard "temporär" augesaat (all neien $ huert missen duerch Gold-Reserven gedeckt sin), den USA wier et sos net gelongen de Vietnam-Krich weider ze finanzéieren. Agefouert gouff den Goldstandard dono allerdëngs net méi! Säitdem hu mir "Fiat Währung". Den hautegen Wert vun Dollar & Euro berout just nach op Vertrauen an eis Regierungen & Zentralbanken, an ass sos duerch näicht méi gedeckt. Dëse Fiat System erlaabt eng onlimtéiert Ausweidung vun der Geldmeng duerch Zentralbanken, déi je no Bedarf Staatsscholden opkafen kënnen. De Probleem wiist, ouni Enn a Siicht. Den Honger no neien Scholden ass gläichzäiteg sou grouß wéi nie! On top mussen aal Scholden an Zënsen nach weider getilgt gin.
G4) Hei gesäit een d'exponentiell Entwëcklung vun den US Staatscholden. En Trend deen een och global beobachten kann, allerdëngs huert den US Dollar global am meeschen Afloss. Wann den US Dollar wackelt, wackelt de ganzen Recht mat, just nach méi! Dat enormt Ausmooss vun den Scholden kann een live verfollegen, op der Säit US Debt Glock. Ween lo seet "Daat ass net nohalteg, et muss iergendwann crashen", läit mat der Analyse net sou falsch, eisen Finanz-System ass effektiv net nohalteg. Ouni eng Zentralbank, di mat onendlech Geld an den Marché agräifen kann, hätten mir wouméiglech schon gréisser systematesch Problemer, bzw. Krisen gesin. Mais waat ass dann d`Conclusioun? Waat sin d`Konsequenzen vun enger onendlech ausweitbarer Währung? Wann et zu engem Finanz-Crash oder Währungs-Kollaps kënnt, ass Pabeier-Geld mat Sëcherheet sou gudd wéi wertlos, Pabeier eben, géigensätzlech zu Gold oder engem Haus. Wann et net crasht, an de System weider sou dréint, gëtt Pabeier- oder Fiat-Geld awer och konstant manner wert. Vir leit déi also net investéiert sin, ass et domat eng lose-lose Situatioun. Inflatioun trëfft di Ärmsten an eiser Gesellschaft am härtsten, well sie keng Rëcklagen oder Investitiounen hun, an domat just den negativen Effekt oofkréien, flächendeckend méi deier Präiser. Jiddereen deen Sachwerter besëtzt, huert Substanz mat intrineschem Wert. Des Substanz muss zukünfteg dann eben mat méi, oder engem anerem, Pabeier-Geld bezuelt gin. Mir sollten net hoffen dass Regierungen, déi vun dësem Phänomen kurzfristeg politesch profitéieren, eis retten kommen. Reformen wieren extrem hart an onopulär, Politiker weltwäit hu sech dru gewinnt Lächer am Staatshaushalt ganz einfach mat neien Scholden stopfen ze kënnen.
G5 & 6) Genau an deem Kontext: Wéi kann et sin, dass Immobilienpreiser am läschten Jorhonnert weltwäit sou explodéiert sin? Wéi kann et sin dass sech en Haus am Präis Ver-10-facht, während d`Haus nach genau daat nämmlecht ass wi deemols. Et ass weder méi nei, nach méi grouss gin, au contraire, just méi aal! Kann et net also sin, dass d'Haus am bäschten Fall nach genau daat nämmlecht ass wéi virun 20-40 Joer, eist Geld awer absolut net méi? Och aner Präiser aus dem Joer 1971, féieren zu ähnlechen Erkenntnisser.
Während eist Geld also Joer vir Joer u Wert bzw. Kaafkraaft verluer huert, ass d'Schéier tëscht Aarm an Räich weider opgaang. "Räich" Leit si suguer "Ultra-Räich" gin, eenzel Persounen hu beemol e Netto Verméigen vu puer 100 Milliarden. Och wann et just 1 Milliard ass, sech souee Verméigen duerch e Stonneloun ze erschaffen, oder duerch Spueren um Spuerbuch, ass absolut net realistesch. Sou gëtt haut leider kee méi richteg verméigend. Finanziell erfollegräich Leit hun verstaan eisen Geldsystem, deen op Scholden baséiert, an just doduerch nach gedroen gëtt, vir sech ze notzen. Geld muss schaffen vir Energie ze entwëckelen, an net gespuert gin. Investéieren ass scho laang kee choix méi, weder vir räich, nach vir aarm. Suguer Scholden maachen gëtt belount.
Beispill: Ween sech mat enger Millioun Schold en Haus keeft, profitéiert duebel. D'Scholden verléieren all Joer u Wert, well eng Millioun Euro an 5-10 Joer manner Wert ass, bzw Kaafkraaft huert, wéi nach haut. Gläichzäiteg wärt dat Haus an 5-10 Joer mat méi wéi enger Millioun Euro bepräist sin, well sech bis dohin eist Geld weider entwert huert. An doduerch brauch een automatesch méi Euro, wéi een huert missen opbrengen wou d`Haus urprünglech kaaf gin ass, well 1 Euro elo manner wert ass wéi 1 Euro deemols. Ouni dass ech um Haus och just iegrendeppes gedoen hätt. Ärt Haus ass also elo net méi wert, ärt Geld ass einfach manner wert!
Bonus: Wann Schold zu 3% verzënst ass, awer an eppes investéiert gouff waat 5-10% rentéiert, mëcht een automatesch plus, logesch. Lo kënnt et awer, wann Schold zu 3% verzënst ass, während den taux d'inflation awer iwer desen 3% läit, dann "entwert" d`Schold automatesch, suguer ouni dass een mat den Suen misst schaffen. An réalen Termen (Zëns - Inflatioun = negativen montant), gëtt d`Schold all Joer méi kleng. Dësen "Trick" ass och den Regierungen weltwäit bekannt, dofier hu Staaten wéineg Problem mat enger Inflatioun, déi iwwert hierem aktuellen Zëns-Saatz op nei Staats-Schold läit. Doduerch gin hier Scholden a réalen Termen "oofgeschmolt". Den Zens-Satz vun neier Staatsverscholdung gett um marché festgeluecht, wa méi Leit bereet sin engem Staat Geld ze léinen, fällt den Zens-Satz. Zentralbanken kennen am Zweifel awer zu all Moment an den marché agräifen an deem sie mat praktesch onendlech Volumen Staats-Obligatiounen opkaafen (QE). Onendlech ass an dem Fall wiertlech gemengt, eng Zentralbnak kann nie faillite goen, sie huert e Monopol op d'Emissioun vu Zentralbankgeld. Eise Bildungs-system & Medien versoen leider doran eis genügend iwer Problematiken vun Iwerscholdung an engem Fiat-System hinzeweisen.
G7 & 8) Ier mir zur Propositioun vun enger Léisung kommen, hei nach e puer Beweiser, wisou d'Problemer an eisem Geldsystem wierklech jiddereen betreffen, an absolut net irrelevant sin. Och wann Dir e gudden Job an eng gudd Paie hudd, déi och nach klemmt, op laang Siicht gidd dir an Är Famill duerch näicht maachen a souengem System all Joer automatesch méi aarm. Vun den opkommenden Limitatiounen an eisen sozialen Systemer, an den Auswirkungen vun KI op den Aarbeschtsmaart, mol nach guer net ze schwätzen. Et ass also net just ären aktuellen Wuelstand a Gefor, mee virun allem är Zukunft.
Entwëcklung vu BIP pro Kapp an Revenu Moyen.
Säit 1970 gesi mir eng Entkopplung, et sollt awer parallel lafen. "D`Schéier" geet eng éischt kéier op. 1971, Goldstandard, Dir erennert Eech.
Entwëcklung vun Hauspräiser & Salairen säit 1965. Och hei, eng Entkoppung. Vir daat nämmlescht Haus muss lo däitlech méi laang geschafft gin. Béides no Inflatioun, Salairen sin quasi flaach.
G9) Eng Fiat Währung huert approximativ eng Liewens-Erwaardung vu ronn 27 Joer. Währungsreformen gouff et ëmmer rem, besonnesch no Phasen vun extremer Inflatioun oder Krichen. Grouss Verléierer an sou Phasen waren historesch ëmmer rem Leit ouni Verméiegnswerter. Leit mat Firmen, Heiser oder Edelmetaller, konnten hieren Wuelstand mat riwer an den neien System huelen. Den US Dollar a Briteschen Pond, sin also en théorie schon laang iwert hieren Zenit, hu säit Aféierung awer och schon iwer 99% (keen Tippfeeler!) vun hierem ursprünglechen Wert verluer. Och den Euro wärt do mat Sëcherheet keng Ausnahm sin.
Wéi also Verméigen schützen oder opbauen? D'Äntwert op des Fro ass net sou komplex wéi ee kéint mengen. Wa mir de System schon net änneren kënnen, dann sollte mir op d'mannst probéieren sou Gutt wéi méiglech "matzespillen". Dobäi huerlen mir eis e Beispill un de Räichen. Eist Geld schützen mir virun Infaltioun, an deem mir eist Geld "schaffen loossen". Egal ob an Form vun Aktien, Immobilien, Gold, deiren Aueren, Autoen oder Hermès Pochen, et muss eppes rares an vir anerer wertvolles sin. Alles waat limitéiert a senger Stëckzuel ass, muss wann et konstant nogefroot gëtt, onweigerlech am Präis klammen, well et bemooss gëtt an enger sech onendlech oofwärtender Fiat-Währung. Daat ass den ganzen Trick, wisou ee Kilo Gold, emmer méi Euro oder Dollar Wert gëtt. Net well de Goldbarren méi grouss oder schéin gëtt, mais eenzeg an aleng well d`Vertrauen an den Wert deen Leit eisen Fiat-Währungen zouschreiwen, vu Joer zu Joer fällt. An daat mat Recht, well Zentralbanken & Regierungen op all Problem mam nämmleschten Reflex réagéieren, ëmmer nach méi Geld drucken, an domat versichen d`Problemer mat méi Geld ze erstëcken
G10) Performance vum S&P500, den gréissten 500 Firmen aus den USA (logarithmesch duergestallt, sos wier et ähnlech wéi G4). Säit 1957 huert dësen am Duerchschnëtt iwer 10% rentéiert, an domat d'Inflatioun iwerkompenséiert. Dëst trotz allen Crisen an Turbulenzen, z.B. 2 Ueleg-Kriesen, Kricher am noen Osten, 9/11, Dot-Com Bubble, Weltfinanz-Crise, Euro-Crise, Corona Pandemie... Ween duerch dës Phasen vun Onsëcherheet a Volatilitéit gehalen huert, jo vläicht suguer nokaf huert, konnt sech ee Verméigen opbauen! Muss sech daat an der Zukunft awer elo widerhuelen? Dofier gëtt et keng Garantie. Waat mer awer mat Sëcherheet wëssen, eis Fiat Währungen entwerten haut an engem Rekord-Tempo, Staaten hu Rekord-Scholdenam Verhältnis zu hierem BIP. Gläichzäiteg steet den S&P op Rekordhéisch, mat enger Performance vun iwer 100% aleng säit 2020. Bildlech geschwat wierken ëmmer méi Scholden an domat Liquiditéit bäi niddregen Zensen wéi Rëckenwand oder eng niddreg Schwéierkraft op Sachwerter! Den Asselborn huert, an engem aneren Kontext, eppes passendes gesoot: "Man bekommt die Zahnpasta sehr einfach aus der Tube, aber nicht mehr rein". Genau sou ass et mat eisen Scholden och, zimlech egal ween politesch grad um Rudder ass.
G11) Och bäim beléiften Edelmetall Gold ass en langfristeg konstanten Ustiig am Präis ze gesin. Wéi kann daat sin. Während Immobilien an Aktien nach en intrinseschen Wert hun, Renditen erschafen a Form vun Loyer an Dividenden, huert Gold, ähnlech wéi Bitcoin, keen direkten Notzen oder Wert. Et huert awer Attributer déi et interessant maachen. Et ass fälschungssëcher, spillt eng historesch Roll als Tauschmëttel an Wertspeicher säit 1000en vu Joren, ass an a senger Stëckzuel begrenzt an doduerch net wéi Fiat-Geld einfach an beliebeg ze vervillfachen (woubäi Space-Mining am neechsten Jorhonnert do nach en Thema kéint gin). Och Gold huert säit 2020 eng Performance vun iwer 100%. Dass Gold aktuell sou staark nogefroot ass, virun allem och vun Zentralbanken weltwäit, ass e Symptom vum wuessenden Vertauensverloscht an eis Fiat-Währungen. Dës Währungen sin absolut net kloer limitéiert, mee je no Bedarf onendlech auswäitbar, de genauen Contraire also zu Gold. Bäi enger neechster Kris, egal op wirtschaftlecher oder finanzieller Natur, enger neier Pandemie, engem groußen Krich oder am Kontext vum Klimawandel, den Ooflaaf wärt ëmmer den nämmlechten sin, mir brauchen méi Scholden, "whatever it takes". Egal wéieng Aart vu Kris, eis eenzeg Äntwert war ëmmer den Problem mat méi Geld ze läschen, kurzfristeg. An daat mat Geld, wat mir eigentlech guer net hun. Den Staat huert selwer keen Geld, just daat waat en iwer Steieren vun den Bierger asammelt, kann en och ausgin. Alles driwer hinaus ass finanzéiert duerch Scholden, déi mir aktuell Bierger a kommmend Generatiounen iergendwann oofbezuelen mussen. Well daat ganzt jo awer lo schon net méi opgeet, finanzéieren mir eis al Scholden & Zënszuelungen ganz einfach mat méi neien Scholden! Extrem nohalteg oder? Finanzéiert vun Zentralbanken déi eis staatlech Schold-Schäiner um Marché opkafen, wann et sos och keen méi mëcht (QE). Bäi Obligatiounen hun Präis an Zëns eng invers Relatioun. Zentralbanken halen also mam Opkafen vun Staatsschold, d`Zënsen déi d`Staaten bezuelen mussen, künstlëch déif. Sos wieren Staats-Haushält weltäit nach méi iwerlaascht!
Conclusioun: Eise globalen Finanz-System, ass weder gesond, nach nohalteg. De Patient gëtt künstlech um Liewen gehal, de Ballon gëtt emmer weider mat neiem Geld opgepompelt. Wou geet daat hin? Waat ass d`Resultat dovun? Waat heescht daat vir perséinlech Verméigen? Wéini kënnt den Daag wou den System kollabéiert? Menger Meenung no gëtt den System soulaang wéi nëmmen méiglech um Liewen gehal, mir sin eben alternativlos. De ganzen System ze crashen hätt fatal Folgen, virun allem Gesellschaftlech. D'Fortféirung vum System féiert allerdëngs och zu kritëschen Entwëcklungen, virun allem eben vir Leit déi näicht kënnen investéieren, well se keng Rëcklagen hun. Inflatioun trëfft dës Leit am härtsten, sie kënnen sech net schützen. En sozialt Thema wéi bezuelbaren Wunnraum, ass eng zimlech direkt Konsequenz vum jorzengtelangen Liewen op Pomp. Mir hun iwert eisen Verhältnisser geliewt, Geld ausgin wat mir guer net haten. All privat Persoun wier lo faillite. Mais eng privat Persoun huert och keng Zentralbank hanert sech stoen, mat onendlecher Munitioun. Regierungen weltwäit missten onopoulär an hart Reformen duerchféieren, vir eisen System rem nohalteg ze gestalten. Domat gëtt een awer kurzfristeg relativ schwéier gewielt. Ech erwarden mir also eng Fortsetzung, a souguer eng weider Verschlëmmerung vum System, eleng duerch den exponentiellen Faktor.
Déi gudd Noricht ass allerdëngs, dir braucht net vill Geld vir Eech ganz entspaant a laangfristeg e Verméigen opzebauen. Ganz ouni sech vill mam Thema Investéieren mussen auserneen ze setzen, d'Norichten deeglech ze verfollegen, oder an iergendenger Form mussen ze spékuléieren. Et ass zwar bequem de Problem privat ze ignoréieren, et kascht Eech awer e Verméigen!
G12) Ugefaang mat 5.000€ , ween all Mount 250€ investéiert, während engem Zeitraum vun 25 Joer, dann entsteet aus 80.000€, déi am ganzen abezuelt gouffen, um Enn en totalen Montant vun knapp 400.000€. Daat ass d'Muecht vum Zënseszëns (laut Albert Einstein dat aacht Weltwonner), wann de Schnéiball bis rullt sammelt en exponentiell Masse un. Mir Mënschen din eis als Primaten schwéier wann et iwer daat linéart hinaus geet (mir verstin an kënnen eis eppes wéi 2 + 2 + 2 + 2 + 2 + 2 virstellen, mais däitlech méi schlecht 2 x 2 x 2 x 2 x 2 x 2...). Déi läscht Hürd vir vill Leit ass dann oft nach déi mental, d'Angscht viru Crisen an d'Feelen vun engem Plang wann se antrëfft. Op der Bourse an am Liewen gett ni méi Geld verdëngt wéi direkt no Krisen (Finanz-Krise, Covid-19, Zëns-Schock 22, Trump-Zöll). An sou Phasen gëtt oft den Grondsteen vir Verméigen geluecht, et gin awer och aus Angscht fatal feel-Entscheedungen getraff, déi Leit ëm Joren nohannen geheien kënnen. Daat chinesescht Schrëftzeechen vir Kris 危机, "Wéiji", besteet aus zwee Deeler, "wéi" steet vir Gefor & Risiko, während "ji" op Chancen & Opportunitéiten hiweist. Genau sou muss een et gesin, wann op der Tankstell Solden wieren, géiff och jiddereen dohin fueren, souguer bäi nach hallef vollem Tank. Genau sou muss een et gesin wann et op der Bourse mol rëm top Qualitéits-Aktien mat 20-30% Discount gëtt! Den absoluten Normal-Fall op der Bourse sin historesch awer net d'Krisen, mais d'Erreechen vun Rekord-Héisch no Rekord-Héisch. Krisen kommen zwar ëmmer rem, sin laangfristeg awer konstruktiv, berängegen den Maart, a brëngen Chancen mat sëch. Den Normalfall awer, Rekord-Juegd no uewen, ass gedriwen vun sech konstant entwertenden Fiat Währungen, gekoppelt mat der Innovatiouns- an Wuesstums-Kraaft vun globalen Top Firmen. Duerch nei Technologien an domat verbonnen Produktivitéits-Gewënn kënnen Fimen laangfristeg Wuessen, an sou Wert vir hier Aktionären erwirtschaften. Den Zähler/Numerator wiisst also, während den Nenner/Numerator fällt.
Profitéiert vun eiser Expertise, kontaktéiert eis a mir gucken GRATIS ob eng Zesummenarbescht Sënn mëcht!
Whatsapp: +352 691626518
Mail: info@spuerplang.lu
Disclaimer:
Ressourcen: