Akt 1 · De System

Säit 1971 gëtt eise System vu Scholden gedroen

1971 huet den US-President Nixon de Weltwärungssystem vum Gold ofgekoppelt (Enn vum Bretton Woods Ofkommes). Zënterhier ass eist Geld un näischt Konkretes méi gebonnen, et gëtt just nach duerch Vertrauen an de Staat a seng Zentralbank gedeckt, soss näischt.

Dëst huet eng Entwécklung a Gang gesat, déi sech net linear, mee exponentiell beschleunegt: d'Staatsscholden weltwäit klammen ëmmer méi séier, de System huet keng natierlech Brems méi, Geld ass onlimitéiert. Wann eng Regierung méi ausgëtt wéi se rakritt, gëtt ganz einfach nei Schold geléint. A wa sos keen anere méi léint, keeft d'Zentralbank d'Staatsscholden a Form vu Scholdschäiner eben selwer op, mat nei geschafenem Geld.

Zentralbanken kënnen dëst quasi onendlech maachen. Déi eenzeg Limite ass iergendwann d'Vertrauen an de Wäert vum Geld, a genau dëst Vertrauen gëtt ëmmer méi op d'Prouf gestallt.

Wéi vill Euro goufen zënter 1999 geschaf?

Covid-193,8 Bio.€19992025

16,2 Bio.€

M2-Geldmeng Eurozon — Stand 2025

Quell: Europäesch Zentralbank (EZB) — approximativ Rekonstruktioun.

D'Staatsscholden an der Eurozon — zënter der Euro-Aféierung bal verdräifacht

Zënter 1999 ass d'Staatsscholden an der Eurozon op bal 14 Billiounen Euro geklommen, mat spierbarer Beschleunegung no 2008 an 2020.

2008Covid-194,8 Bio.€19992025

13,9 Bio.€

Staatsscholden Eurozon — Stand 2025

Quell: Eurostat (Government consolidated gross debt, ESA 2010), Euro area.

Akt 2 · Dech

Wat dat konkret fir Äert Geld heescht

Offiziell Inflatiouns-Zuelen (HICP) ginn eis eng Iddi vum Wäertverloscht vum Euro, mee dës Zuelen baséiere op engem Wuerekuerf, deen net onbedéngt Äert perséinlecht Liewen ofbild. An der Realitéit kann de Wäertverloscht, besonnesch z.B. beim Wunnraum, nach vill méi drastesch ausfalen.

Wéi vill Wunnraum kritt Dir haut nach fir 1.000€?

0,42 m²20022025

0,42 m² → 0,13 m²

−69,3%

Wat 1.000€ u Wunnraum kafe konnt, 2002 vs. 2025

Approximativ Rekonstruktioun aus offiziellen Präisindex-Ankerpunkte (STATEC/Observatoire de l'Habitat) — keng exakt Joresstatistik.

D'Wirtschaft entkoppelt sech vum Akommes

An den USA huet sech zënter 1984 déi reell Wirtschaftsleeschtung pro Persoun (no Inflatioun) méi wéi verduebelt (+99,6%). Reellt Akommes vun de Stéit (och no Inflatioun) ass am selwechten Zäitraum awer nëmmen ëm 38,6% geklommen. D'Wirtschaftsleeschtung pro Awunner wiisst also vill méi schnell wéi de reelle Salaire. Wann Dir net ofgehaangen gi wëllt, musst Dir also selwer aktiv ginn.

Reellt Akommes vun de StéitReell Wirtschaftsleeschtung pro Kapp
0%25%50%75%100%19842024

+38,6%

Akommes vun de Stéit

+99,6%

BIP pro Kapp

Béid Reien un d'Inflatioun ugepasst. Quell: U.S. Bureau of Economic Analysis, U.S. Census Bureau. USA-Donnéeën, well hei déi längst zouverléisseg Donnéeën verfügbar sinn — d'Divergenz tëscht Wirtschaftszouwuess an Akommes vun de Stéit ass en international observéierte Phenomen.

Akt 3 · D'Entscheedung

Näischt maachen ass och eng Entscheedung

Vill Leit denken, investéiere wier riskant, an de Spuerkont wier sécher. Wéi Dir lo gesinn hutt, stëmmt dat net. Wien näischt mëscht, huet garantéierte Verloscht. Net vläicht, net eventuell, mee sécher, Joer fir Joer. 1 Euro bleift zwar 1 Euro, mee d'Kafkraaft fält konstant.

Nodeem Dir gesinn hutt, wéi sech eist Geld entwéckelt, verstitt Dir dass näischt ze maachen Konsequenzen huet. Et ass zwar komfortabel de Problem ze ignoréieren, mee et kascht op kuerz oder laang ganz vill Geld. Investéieren op enger breeder Basis, mat statistescher Approche a ganz ouni Spekulatioun ass zwar net déi spannendst, mee eng vun den einfachste Léisunge fir dës Verloschter ze vermeiden.

Eis Léisung entdecken