G10) Performance vum S&P500, den gréissten 500 Firmen aus den USA. Säit 1957 huert dësen am Duerchschnëtt knapp ënner 10% rentéiert, an domat d'Inflatioun méi wéi kompenséiert. Dëst trotz allen Crisen an Turbulenzen (2 Ueleg-Kriesen, Kricher am noen Osten, 9/11, Dot-Com Bubble, Weltfinanz-Crise, Euro-Crise, Corona Pandemie etc.). Muss sech dat an Zukunft widerhuelen? Dofier gëtt et keng Garantie. Waat mer awer mat Sëcherheet wëssen, eis Fiat Währungen entwäerten haut an engem Rekord-Tempo, gedriwen vu Staaten déi Rekord-Scholden am Verhältnis zu hierem BIP hunn. Gläichzäiteg leeft den S&P500 vu Rekordhéisch op Rekordhéisch, wisou awer? Bildlech geschwat, wierken ëmmer méi Scholden bäi niddregen Zensen wéi Rëckenwand oder eng niddreg Schwéierkraft op Sachwerter. Firmen wuessen, sinn innovativ an erwrtischafte normalerweis ëmmer méi Emsatz a Gewënn. Gläichzäiteg ginn se awer an Euro oder Dollar gemooss, a wann eng Firma haut nach souvill wäert soll sin wéi virun engem Joer, dann muss een haut dofier mat méi Euro bezuelen wéi nach virun engem Joer. Den Asselborn huert, an engem aneren Kontext, eppes passendes gesoot: "Man bekommt die Zahnpasta sehr einfach aus der Tube, aber nicht mehr rein". Genau sou ass et mat eisen Scholden och, mir hunn eis dru gewinnt all Problem kuerzfristeg mat neiem Geld ze läschen.