"Mäi Numm ass Pit Michels an ech si frou dass Dir de Wee op Spuerplang.lu fonnt hutt! Mäin Ziel ass et Finanzbildung zu engem öffentlechen Thema ze maachen. An der Schoul sou wéi am privaten héiert een nach oft "Iwwer Geld schwätzt een net". Ween sech mam "Problem" befaasst huet, kennt awer d'Konsequenzen dovun. Nämlech als minimum e schläichenden Kafkraaftverloscht an domat relativ Veraarmung op kuerz oder laang. Op der anerer Säit, kann ee mat wëssenschaftlechem Usaz a laangfristegem Investéieren, d'Inflatioun mei wei just kompenséieren an op statistescher Basis e Verméigen opbauen.
Ech sinn net hei vir schnelle Räichtum ze verspriechen. Dat ass weder seriö, nach realistesch. Ech hu perséinlech als jonke Mënsch eng aggressiv Strategie gewielt (c.f. Slide-Show), a gouf dofir belount. Et gouf awer keng Garantie, Eenzel-Aktie si wäitaus méi riskant wéi e breede Fong. Ech soen net dass jiddereen a kuerzer Zäit sou Resultater kann hunn. Dat brauch et awer och net bäi enger laangfristeger Strategie, déi gläichzäiteg och nach déi statistesch sécherst ass. Mat de gratis Informatioune vun dësem Site ka jidderee vir sech selwer starten, och ouni d'Servicer vu Spuerplang. Ech weess awer, wat mäi Wëssen doriwwer eraus wäert ass, a wéi vill Geld domat ka verdéngt ginn. Ween also mat mengem Wëssen an Zukunft en Theorie en onlimitéierte Montant verdénge kann, dee fënnt et sécher just fair dass ech dovun och eppes hunn, eng Win-win Situatioun.
Spuerplang offréiert jidderengem komplett gratis d'Chance opmierksam op d'Thema Finanzen ze ginn an doropshin och scho wichteg Konzepter ze verstoen. Den Internet ass haut voll mat guddem gratis Contenu, dir braucht am Zweifel weder e Bank-Beroder, nach d'Servicer vu Spuerplang. Wann dir awer konkret den Turbo vir är Finanzen zünde wëllt, oder endlech seriö mam Thema investéieren ufänke wëllt, offréieren ech meng Expertise. Ech beschäftege mech säit 2019 all Dag mat dësem Thema, Geld verdéngen ass natierlech flott mee d'Thema Finanzen ass eng richteg Passioun ginn. Um Enn spuert dir mat eise Servicer net just Zäit a Stress, mee optiméiert är Finanzen nohalteg. D'Servicer vu Spuerplang sinn eng Investitioun déi a kengem Verhältnis zu äre méigleche Resultater steet, et gëtt kee Plafond, egal ob Dir 10.000 oder 1 Millioun hutt, dat eenzegt wat zielt ass fréi unzefänken."