G11) Och bäim Edelmetall Gold ass en langfristeg konstanten Ustiig am Präis ze gesin. Wéi kann daat sin. Während Immobilien an Aktien nach en intrinseschen Wert hun, Renditen erschafen a Form vun Loyer an Dividenden, huert Gold, ähnlech wéi Bitcoin, keen direkten Notzen oder Wert. Et huert awer Attributer déi et interessant maachen. Et ass fälschungssëcher, spillt eng historesch Roll als Tauschmëttel an Wertspeicher säit 1000en vu Joren, ass an a senger Stëckzuel begrenzt an doduerch net wéi Fiat-Geld einfach an beliebeg ze vervillfachen. Dass Gold aktuell sou staark nogefroot ass, virun allem och vun Zentralbanken weltwäit, ass e Symptom vum wuessenden Vertauensverloscht an eis Fiat-Währungen. Dës Währungen sin absolut net kloer limitéiert, mee je no Bedarf onendlech auswäitbar, de genauen Contraire also zu Gold. Bäi enger neechster Kris, egal op wirtschaftlecher oder finanzieller Natur, enger neier Pandemie, engem groußen Krich oder am Kontext vum Klimawandel, den Ooflaaf wärt ëmmer den nämmlechten sin, mir brauchen méi Scholden, "whatever it takes". Egal wéieng Aart vu Crise mir haten, eis eenzeg Äntwert war ëmmer den Problem mat méi Geld kurzfristeg ze läschen. An daat mat Geld, wat mir eigentlech guer net hun. Den Staat huert jo selwer keen Geld, just daat waat en iwer Steieren vun den Bierger asammelt kann en och ausgin. Alles doriwer hinaus ass finanzéiert duerch Scholden, déi aktuell Bierger a kommmend Generatiounen iergendwann oofbezuelen mussen. Well daat ganzt jo awer lo schon net méi opgeet, finanzéieren mir eis al Scholden & Zënszuelungen ganz einfach mat nach méi neien Scholden! Extrem nohalteg oder? Dat ganzt finanzéiert vun Zentralbanken déi eis Staats-Scholden och dann nach um Marché kafen, wann sos keen et méi mëcht. Bäi Obligatiounen hun Präis an Zëns eng invers Relatioun. Zentralbanken halen also mam Opkafen vun Staatsschold, d`Zënsen déi d`Staaten bezuelen mussen, künstlëch déif. Sos wieren Staats-Haushält weltwäit nach méi iwerlaascht.