Zu Lëtzebuerg héiert een nach ëmmer:

„Iwwer Geld schwätzt een net“

Genee dat wollt ech änneren, Geldpolitik trëfft eis all, op mir wëllen oder net. Spuerplang ass dofir mat der Missioun gegrënnt ginn, Finanzbildung zu Lëtzebuerg méi zougänglech ze gestalten.

Pit Michels, Grënner vu Spuerplang

Pit Michels

Grënner vu Spuerplang

Mäi Numm ass Pit Michels an ech sinn de Grënner vu Spuerplang. Meng éischt Aktien hunn ech nach wärend der Première kaf, zënterhier beschäftegen ech mech all Dag mat der Bourse. D'Krisen 2020 an 2022 hunn ech mat mengem eegene Geld duerchgemaach, an dobäi méi geléiert wéi a villen Auditoiren. Meng Studien zu Maastricht an Innsbruck waren zwar wäertvoll, mee ouni Passioun wier mäi Wee net den nämmlechte gewiescht. Weder vu mengem Portfolio, nach wéi ville Leit ech wärenddeem scho konnt hëllefen. Spuerplang ze grënnen war deemno den nächste Schratt, fir mäi Wëssen nach méi Leit zougänglech ze maachen, a wa se wëllen, och op hirem finanzielle Wee ze begleeden.

Mäi Wee

  1. 2019 Juli

    Première um Lycée Classique Diekirch (LCD) ofgeschloss

  2. 2022 Juli

    Bachelor zu Maastricht ofgeschloss, Economics and Business Eco., Auslandssemester zu Montréal

  3. 2024 Juli

    Master zu Innsbruck ofgeschloss, Strategic Management & Innovation

  4. 2025 Oktober

    Launch vu Spuerplang a Begleedung vun éischte Clienten

Wéi ech schaffen

Direkt a perséinlech

Iwwer WhatsApp, Telefon oder am Gespréich ënner véier Aen. Dir schwätzt ëmmer direkt mat mir, séier an onkomplizéiert.

Wat mech anescht mécht

Ech verkafe keng Produkter a kréie keng Provisiounen. Ech investéieren an déi selwecht Saachen, déi ech erklären, mat mengem eegene Geld. Eis Interessien sinn alignéiert.

  1. 1

    Schreift mir eng Noricht

    Iwwer de Kontaktformulaire,
    per Mail oder WhatsApp.

  2. 2

    Gratis Virgespréich

    Mir kucken zesummen, wou Dir steet a wat Dir braucht. Gratis an onverbindlech.

  3. 3

    Dir decidéiert

    Honorar-Berodung, Spuerplang Premium oder guer näischt: de Choix bleift bei Iech.