Wat kann een also maachen, wann eist Geld futti ass?
Et gi verschidden Usätz, säi Geld un d'Schaffe ze kréien. Populär sinn Aktien bzw. ETFs, Immobilien, Bitcoin oder Edelmetaller wéi Gold. Alles profitéiert dovun dass et eng limitéiert Offer gëtt, bäi enger Demande déi op onendlech Geld baséiert. Immobilie konzentréiere vill Eegekapital, Gold, Bitcoin an Eenzel-Aktie sinn zwar méi zougänglech, fuerderen awer Zäit a Wëssen.
Wa Geld spueren net méi méiglech ass,
dann ass investéieren kee Choix.
Fir Leit déi ouni weideren Zäitopwand oder Virwëssen d'Inflatioun méi wéi schloe wëllen, gëtt et eng Approche déi jidderengem bekannt sollt sinn: reegelméissegt investéieren an een Index oder breeden ETF, haut per Spuerplang souguer oft gratis méiglech. Dir musst weder de perfekte Moment erwëschen, nach alles op eng Kaart setzen. Dat ass zwar net risikofräi, mee eng zouverlässeg Method vum Aktiemaart ze profitéieren. Vum Zënseszënsrechner wësst Dir, wat konstant Investéieren fir e risege Impakt huert, hei gesitt Dir et historesch.
Wat wier aus 10.000€ a folgenden Indexen ginn (ouni Dividenden, ouni Wiesselcours-Schwankungen)
MSCI World
41.539€
S&P 500
71.876€
Nasdaq Composite
123.440€
Euro Stoxx 50
23.022€
Historesch Wäerter, keng Garantie fir zukünfteg Entwécklungen.
Eng eenzel Aktie ka vill méi staark schwanke wéi e ganze Kuerf u Firmen, se ka souguer op 0 falen. En Index bitt eis par contre Diversifikatioun, an domat manner Risiko a Volatilitéit, bäi ëmmer nach beträchtlechen historesche Rendementer. Nieft der Diversifikatioun ass de Faktor Zäit ganz wichteg. Wat Dir méi laang um Ball bleift, wat positive Rendement méi warscheinlech gëtt.
Wéi warscheinlech war de Rendement nom gewielten Zäitraum positiv?
All méiglech Start-Zäitpunkte vum S&P 500 säit 1927.
59,4%
1 Mount
69,4%
1 Joer
80,2%
5 Joer
88,7%
10 Joer
Historesch Wäerter, keng Garantie fir zukünfteg Entwécklungen.
En anere grousse Feeler ass ze wéineg Rou. All Dag seng Entscheedungen ze hannerfroen a bäi all Beweegung nervös ze ginn ass kontra-produktiv. Mir investéieren op Joren a spekuléieren net op Deeg. De Marché ze timen, also ze verkafen ier et fält an ze kafen ier et klëmmt, ass net realistesch. Studie weisen: “Time in the market beats timing the market”. Wann Dir aus Angscht viru falende Präiser verkaaft, verpasst Dir zimmlech sécher déi bescht Deeg, déi sinn oft ganz no un de schlechtsten. Wien also keng Aktien huet wann se falen, huet och keng wann se klammen!
Wien trei bleift, gewënnt
En Investissement vu 10.000$ am S&P 500 iwwer 20 Joer: wat geschitt wann Dir déi bescht Handelsdeeg verpasst?
Quell: J.P. Morgan Asset Management, S&P 500 Total Return Index, Januar 2003 bis Dezember 2022 — eng theoretesch Berechnung, keng reell Investitioun.
D'Finanzwelt ass enorm grouss a kann ufanks schnell iwwerfuerderen, sou muss et awer net sinn: “Investing is simple, but not easy”. Dir hutt selwer de Choix wéi vill Opwand a Risiko Dir droe kënnt, a wéi vill Rendement Dir ustrieft.
Profitéiert vu menger Expertise aus 7 Joer praktescher Erfarung an engem Master an der Wirtschaft, an evitéiert typesch Feeler. Egal op Dir Äre Start op der Bourse beschleunege wëllt, zum onofhängegen Investor gi wëllt, oder finanziell Fräiheet ustrieft: Spuerplang kann Iech begleeden.
Tipp: D'Leit wëllen alleguer just Äert Bescht, an zwar Äert Geld! Gitt also keng onnéideg Kommissiounen oder Gewënn-Bedeelegungen an, wann et just drëm geet eng passiv ETF Strategie ëmzesetzen.